Sinner klappt Medvedv, éischte Grand-Slam-Titel fir de jonken Italiener

© Photo by Lillian SUWANRUMPHA / AFP
Vill méi spannend konnt d'Partie tëscht dem Jannik Sinner an dem Daniil Medvedev net ginn.
De Russ konnt sech déi zwee éischt Sätz kloer mat 6:3 a 6:3 sécheren, dono ass et him awer net gelongen de Sak zouzemaachen an den Italiener koum mat zwee Mol engem 6:4 an d'Partie zeréck. Esou huet missten de fënneften an decisive Saz gespillt ginn.
Och am leschte Saz war de Sinner (ATP-4) dominant an huet dëse mat 6:3 géint d'Nummer 3 op der Welt fir sech decidéiert. An der Halleffinall hat hie jo schonn d'Nummer 1 op der Welt Novak Djokovic eliminéiert. Fir de Serb war et déi éischten Néierlag bei den Australian Open zanter 2018.
Et ass deen éischte Grand Slam, deen de Jannik Sinner gewanne konnt, an iwwregens ass et och déi éischte Kéier, datt en Italiener oder eng Italienerin bei den Australian Open iwwerhaapt bis an d'Finall koum.