De Marco Odermatt wënnt de Super G zu Garmisch-Partenkirchen

© AFP
Bei den Dammen ass d'Victoire zu Cortina d'Ampezzo iwwerdeems fir d'Lara Gut-Behrami.
Am Schi Alpin huet de Marco Odermatt sech och beim Super G an Däitschland d'Victoire net huele gelooss, woumat de Schwäizer Favorit seng héich Féierung an der Gesamtwäertung weider ausbaut. Den Éisträicher Raphael Haaser huet et mat 0,30 Sekonne méi op déi 2. Plaz gepackt, wärend dem Odermatt säi Landsmann Franjo von Allmen (+0,61 Sekonnen) de Podium iwwerraschend komplettéiert.
Bei den Damme konnt d'Lara Gut-Behrami sech souverän duerchsetzen a mécht domat an der Gesamtwäertung Drock op d'Mikaela Shiffrin. D'Stephanie Venier (+0,21 Sekonnen) huet et an Italien virum Romane Miradoli (+0,58 Sekonnen) op déi 2. Plaz gepackt.
Am Schisprangen zu Ljubno a Slowenien gouf et bei den Dammen eng Victoire fir déi jonk Lokalmatadorin Nika Prevc. Bei schwierege Wiederkonditioune konnt d'Slowenin sech géint d'Eva Pinkelnig duerchsetzen, dat um Samschdeg gewonnen hat. Déi drëtt Plaz war mam Nika Kriznar fir eng weider Slowenin.
Um drëtten a leschten Dag bei der WM am Schifléien an Éisträich stoung d'Ekippe-Competitioun um Programm. Den Titelverdeedeger Slowenien konnt och an dësem Joer dominéieren an um Enn mat 1615,4 Punkten eng souverän Victoire sécheren. Déi éisträichesch Ekipp huet et mat 1588,9 Punkten op Plaz 2 gepackt, wärend den däitsche Quartett de Podium mat 1549,9 Punkte komplettéiert.