De kenianesche Marathonleefer Kelvin Kitpum ass e Sonndegowend am Weste vu Kenia bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm.

Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, war de 24 Joer ale Kiptum um 23 Auer lokaler Zäit mam Auto vu Kaptagat op Eldoret ënnerwee, wéi sech d'Gefier iwwerschloen huet. Dee jonke Weltrekordler a säin Trainer Gervais Hakizimana waren op der Plaz dout.

Wéi de Chef vun der lokaler Police géigeniwwer der FAP sot, wier ausserdeem nach eng drëtt Persoun am Auto gewiescht. Dës wier nom Accident an d'Spidol komm.

De Kiptum war am Oktober zejoert quasi aus dem Näischt op déi international Marathon-Bün getrueden, ewéi hien zu Chicago mat enger Zäit vun Zwou Stonnen a 35 Sekonnen en neie Weltrekord gelaf ass. Et war eréischt säin drëtte Marathon als Profi.