Lëtzebuerg verléiert 58:72 géint Norwegen
Um Sonndeg huet d'Nationalekipp vun den Hären an der Coque um Kierchbierg den zweete Match vun der Prequalifikatioun fir d'WM 2027 gespillt.
D'Gäscht aus Norwege si staark an de Match gestart a louchen nom éischte Véierel mat 24:9 a Féierung. De Rhythmus, dee Lëtzebuerg an der Ufanksphas gefeelt huet, huet d'Ekipp vum Trainer Ken Diederich am zweete Véierel fonnt. Mat engem 15:2-Laf hunn d'roud Léiwen de Réckstand op 1 Punkt verkierzt (25:26). Bis zum Säitewiessel konnte sech d'Gäscht allerdéngs nees op 43:32 ofsetzen.
Ennerstëtzt vun de ronn 1800 Supporter an enger ausverkaafter Coque konnt Lëtzebuerg sech d'Féierung am drëtte Véierel zeréckkämpfen. Virun allem de Clancy Rugg war an dëser Phas net ze stoppen a Lëtzebuerg konnt no 30 Minutte beim Resultat vun 52:51 un eng Victoire gleewen. De leschte Véierel hunn d'Gäscht aus Norwegen dominéiert (21:6), de Favorit setzt sech um Enn mat 72:58 duerch.
Mat 22 Punkten war de Clancy Rugg de beschte Scorer op Säiten vun der Lëtzebuerger Ekipp.
Um Donneschdeg hat sech Lëtzebuerg no engem phenomenale Comeback am leschte Véierel mat 76:72 an der Verlängerung a Rumänien duerchgesat.
An der Paus vum Match goufen d'Nadia Mossong an de Bob Melcher fir hir laang Karriär an der Nationalekipp geéiert. De Sportminister Georges Mischo an den FLBB-President Samy Picard hunn hinne Fotoen iwwerreecht.

D‘Nadia Mossong an de Bobby Melcher krute virun 1800 Spectateuren Merci gesot fir hier international Carrière / © RTL