Wéi d'FLTT matdeelt, zitt d'Dëschtennisspillerin e Schlussstréch ënnert hir Karriär an der Nationalekipp.

D'Tessy Gonderinger war am Februar nach fir d'Dëschtennis-Dammennationalekipp bei der Ekippe-WM zu Busan an Südkorea am Asaz. Hei hate sech d'FLTT-Dammen an der Siechzéngtelsfinall misse mat 0:3 géint Portugal geschloe ginn. Domadder huet een och d'Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller verpasst, déi ee sech beim Weiderkomme geséchert hätt.

D'Tessy Gonderinger huet elo bekannt ginn, datt dat hire leschten Asaz fir d'Nationalekipp war. Si huet 15 Joer den Nationaltrikot ugehat a war bei dräi European Games, véier Spiller vun de klenge Länner, siwe Weltmeeschterschaften a 14 Europameeschterschaften am Asaz.

Hei am Land ass d'Lëtzebuergerin fir Rued am Asaz. Ufank Februar hat si mat hirem Veräin fir déi sechste Kéier d'Coupe bei den Damme gewonnen.

RTL

© Val Wagner