FLF-Selektioun ënnerwee op Tiflis - Dat mat Martins mä ouni Sinani
De Countdown leeft. An zwee Deeg spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp d'Halleffinall vun de Playoffs an der Nations League a Georgien.
En Dënschdeg de Mëtteg huet sech d'Ekipp an de Staff op d'Rees op Tiflis gemaach. Et gëtt esou lues awer sécher eescht fir d'Rout Léiwen. Bis zur Partie en Donneschdeg hofft een op der Säit vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, datt vum Oflaf hier alles klappt.
Géint 12.30 Auer en Dënschdeg de Mëtteg um Findel. Nieft de Spiller, dem Staff an dem néidege Material huet sech och d'Delegatioun vun der FLF op d'Rees op Tiflis gemaach. Ënner hinnen och de Marc Diederich, de Pressespriecher vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Hie selwer ass zanter 23 Joer dobäi an hofft, datt vum Oflaf hier alles klappt.
"Wa mir hei an de Fliger klammen an do hannen am Hotel ukommen, da soll et vum Oflaf genau esou weidergoe wéi et hei war. Mir hu genuch Leit dobäi, fir ze probéieren, fir all méiglech Problemer, déi kéinten optrieden, aus dem Wee ze raumen."
D'FLF-Formatioun ass no engem liichten Retard beim Depart géint 23 Auer Lokalzäit zu Tiflis am Hotel ukomm. Den Nationaltrainer Luc Holtz huet matgedeelt, datt de Marvin Martins fir de Match géint Georgien misst fit sinn. Den Nationaltrainer selwer ass awer liicht ugeschloen, well hien ee Faserrëss an der Wued huet.
Den Danel Sinani dogéint ass net matgeflunn, well säi Veräin St.Pauli hien net fräiginn huet. De Mëttelfeldspiller hätt am Fall vun enger Defaite a Georgien am zweete Match de 26. Juni am Stade de Luxembourg kéinten zum Asaz kommen, dat well d'UEFA dës Partie dann als Frëndschaftsmatch géing wäerten.
Den nächste wichtege Rendez-vous a Georgien ass dann eng Pressekonferenz e Mëttwoch ëm 18 Auer. Eng Stonn méi spéit den Ofschlosstraining um Programm.
Wien den Arbitter fir de Match tëscht Georgien a Lëtzebuerg wäert sinn, ass antëscht bekannt: Et ass de Spuenier José María Sánchez, dee virun e puer Méint och schonn d'Partie Lëtzebuerg-Slowakei gepaff hat.
Eréischt e puer Deeg virun de Lännermatcher gëtt normalerweis den Numm bekannt ginn, dat fir d'Arbittere viru méiglechen Attacken ze schützen. Den FLF-Vizepresident Charles Schaack war selwer jorelaang Arbitter a weess, datt ee Match viru 50.000 Leit net einfach ze päifen ass.
"Wann ee Päifkonzert am Stadion ass, dat mécht Drock op den Arbitter. Ech weess zu dësem Moment nach net, wien d'Partie päift. Ech ka mir awer virstellen, datt d'UEFA ee Mann mat Champions-League-Erfarung fir déi decisiv Matcher dohi schéckt."
Wat d'Spiller ugeet, si keng weider Blessuren dobäikomm. Den Nationaltrainer Luc Holtz hëlt e Mëttwoch nom Ofschlosstraining d'Decisioun, ob déi ugeschloe Spiller, wéi ënner anerem de Marvin Martins, prett sinn oder net. Den Drock an d'Uspanung klamme vun Dag zu Dag. Fir de Co-Trainer vum däitschen Zweetligist Elversberg, de Raphael Duarte, ass et wichteg, am Virfeld ee klore Plang ze hunn, un deem sech d'Spiller kënne festhalen.
"Wann een dann op den Terrain geet an et kennt ee seng Aufgaben, da ginn d'Gedanken och fort vun, wat geschitt wann. Et ass ëmmer wichteg, mee nach méi wichteg an esou engem Match viru 50.000 Spectateuren, wou een eventuell éischter an d'Iwwerleeë kënnt."
De Raphael Duarte ass dann an zwee Deeg och bei eis am Studio, fir dat taktescht Verhale vu béiden Ekippen ze analyséieren. Vu 17.30 Auer u kënnt Dir en Donneschdeg live mat dobäi sinn.