An den USA ass de College-Basket immens beléift an dat och ëmmer méi am Dammebasket.

Am Playoff-Match tëscht Iowa an der Louisiana State University ass elo een neie Rekord un Tëlee-Spectateuren opgestallt ginn, ewéi ESPN matdeelt. 12,3 Millioune Mënschen hu sech de Match ugekuckt, esou vill wéi nach ni virdru bei engem Dammematch. Een Haaptgrond fir de groussen "Hype" ass wuel d'Starspillerin Caitlin Clark, déi an deem Match nees ze iwwerzeege wousst. Mat 41 Punkten hat si e groussen Undeel un der 94:87-Victoire vun Iowa. Schonns d'lescht Joer hate béid Ekippen an der Finall géintenee gespillt.

Ma net nëmme bei den Tëlee-Spectateure gouf et Rekordzuelen, och op sportlechem Plang. Déi 22 Joer al Spillerin vun Iowa huet ganzer 9 Dräier markéiert an huet domat de Rekord vun de meeschten Dräier an engem College-Playoff-Match egaléiert. Donieft huet si elo och de Rekord vun de meeschten Dräier an der Geschicht vum Tournoi. Si ass iwwregens och déi Spillerin mat de meeschte Punkten op College-Niveau iwwerhaapt. Och bei de Männer gëtt et keen, deen a senger College-Karriär esou vill Punkte geschoss huet ewéi d'Caitlin Clark.

D'Finall d'lescht Joer tëscht Iowa an LSU hat 9,9 Milliounen Tëlee-Spectateuren ugezunn. De Match dëst Joer ass de meeschtgekuckte Basketmatch op ESPN zanter dem decisive Match an den NBA-Eastern-Conference-Finals 2018 tëscht de Boston Celtics an de Cleveland Cavaliers.