Muay Thai ass den Nationalsport an Thailand. Et ass eng thailännesche Kampfsportaart an do ass eng Lëtzebuergerin Weltmeeschterin.

D'Marie Des Lys Heinz konnt den 31. Mäerz am Kampf géint d'Judy Humber de Weltmeeschtertitel am Fiedergewiicht gewannen (WMO Featherweight World Champion). No dräi intensive Ronnen hunn alleguerten d'Jugë fir d'Lëtzebuergerin gewielt.

Video vum Kampf

Déi 23 Joer al Lëtzebuergerin ass 2019 an Thailand geplënnert, fir de Sport méi seriö maachen ze kënnen. Dee Schratt huet sech gelount, well déi 1,63 grouss Kämpferin ka sech elo Weltmeeschterin am Fiedergewiicht nennen. Dat ass d'Gewiichtsklass bis 57.153 Kilogramm.

Wie wësse wëll, wéi d'Marie Des Lys Heinz zum Muay Thai koum a firwat si an Thailand geplënnert ass, dee kann de Live! Planet People vum 18. Dezember 2020 kucken, wou d'Kampfsportlerin Invitée war.

Interview nom Kampf op Englesch an Thailännesch