De Basket Esch wënnt e Krimi géint d'Etzella Ettelbréck

© Emile Mentz
Um Weekend war an der LBBL bei den Dammen an Hären den Optakt vun den Halleffinallen, déi an enger "Best-of-3"-Serie gespillt ginn.
D'Amicale Steesel huet um Samschdeg seng Favoritteroll ënnerstrach a wënnt den éischte Match géint d'Résidence Walfer kloer mat 94:74. Nom éischte Véierel louchen d'Gäscht vu Walfer nach knapp mat 27:24 a Féierung, duerno huet d'Amicale de Match allerdéngs kontrolléiert. 51:37 war d'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao an der Paus fir, spéitstens am drëtte Véierel huet d'Lokalekipp fir eng Virentscheedung gesuergt. 35 Punkte stoungen um Kont vum Amerikaner Jarvis Williams, donieft konnt de Nationalspiller Alex Laurent mat 25 Punkten iwwerzeegen.
Um Sonndeg huet de Basket Esch sech auswäerts an engem spannende Match géint d'Etzella Ettelbréck behaapt, um Enn hunn d'Visiteuren 88:85 gewonnen. D'Gäscht si mat engem staarke Kollektiv an de Match gestart, am éischte Véierel hu 7 Spiller Punkte markéiert. An der Paus louch de Basket Esch mat 43:37 a Féierung. Donieft hat den Ettelbrécker Philippe Gutenkauf kuerz virum Säitewiessel säi véierte perséinleche Feeler kasséiert. D'Lokalekipp ass allerdéngs Risiko gaangen an den "MVP" stoung no der Paus direkt um Terrain. E staarke Clancy Rugg huet am drëtte Véierel dofir gesuergt, dass Esch e klenge Virsprong mat an déi decisiv Minutten huele konnt. An enger dramatescher Schlussphas huet fir d'éischt de Jordan Hicks d'Gäscht mat engem Layup a Féierung bruecht an duerno de Virsprong un der Fräiworflinn op 3 Punkten erhéicht. Mat engem leschte Worf hätt de Jimmie Taylor d'Lokalekipp kéinten an d'Verlängerung retten, dësen huet d'Zil awer verfeelt. De Clancy Rugg mat 27 an den Thomas Grün mat 20 Punkten waren bei de Gäscht
déi stäerkste Spiller.
Hären - Playdown
An der Ofstigsgrupp bei den Häre gouf um Samschdeg den drëtte Spilldag gespillt. Hei wannen d'Musel Pikes mat 95:84 géint Mamer an hunn domat weiderhin d'Méiglechkeet op déi éischte Plaz an dësem Grupp. Mat 27 Punkten hat de Jalen Green am beschte getraff fir d'Lokalekipp.
En enke Match hunn d'Zuschauer tëschent dem Gréngewald Hueschtert an de Kordall Steelers gesinn. Um Enn setzen sech d'Gäscht mat 77:71 duerch, domat si béid Ekippen an der Tabell punktgläich.
Hären - Nationale 2
Dammen - 1/2-Finallen
Bei den Damme geet de Champion Gréngewald Hueschtert mat 1:0 géint d'Amicale Steesel a Féierung. Dobäi huet d'Lokalekipp missen e Réckstand dréinen. Am drëtte Véierel louch Steesel deelweis mat bis zu 9 Punkten am Avantage (54:63). An engem Match, an deem aussergewéinlech vill Punkte gefall sinn, wënnt d'Ekipp vum Trainer Francois Manti um Enn mat 105:91. 28 Punkte goungen op de Kont vum Amanda Cahill, och d'Samantha Logic (24) an d'Lauren Van Kleunen (22) hu méi wei 20 Punkte markéiert, d'Alexia Allesch vun de Gäscht koum souguer op 38 Punkten.
An der zweeter Halleffinall setzt sech den T71 Diddeleng mat 75:58 géint d'Sparta Bartreng duerch. Ouni déi stäerkste Lëtzebuergesch Spillerin aus dem Championnat, Ehis Etute, dat beim NIKE hoops summit an den USA am Asaz ass, konnt déi jonk Schwëster Joyce Etute 13 Punkten zur Victoire bäisteieren. Nodeems sech Diddeleng fréi ofgesat hat, ass Bartreng zeréck an de Match komm an d'Lokalekipp konnt sech eréischt am véierte Véierel entscheedend ofsetzen. Um Enn hat d'Mia Loyd mat 21 Punkten am beschte getraff beim T71.