Um Sonndeg stoungen d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen am Dëschtennis-Championnat um Programm.

Diddeleng huet géint Recken 5:5 gläichgespillt a ka sech domadder net fir d'Halleffinall qualifizéieren. No der 2:6-Defaite am Allersmatch hätt een eng Victoire gebraucht, ma den Thomas Keinath an de Matas Skucas hunn am decisiven Dubbel Recken an d'Halleffinall bruecht.

Am Duell tëscht dem Houwald a Lénger gouf et op en Neits e 5:5, woumat et fir déi éischte Kéier am nationalen Dëschtennis-Championnat zu engem "Golden Match" komm ass. Hei konnt den Houwald sech mat 3:1 duerchsetzen a sech domat an d'Halleffinall anzéien.

D'Partien an den Halleffinalle stinn deemno fest. Um 21. an 28. Abrëll trëfft Recken op Berbuerg, wärend den Houwald et mat Hueschtert-Folscht ze di kritt.

D'Resultater am Iwwerbléck