Am leschte Match zu Umea gouf et fir d’Rout Léiwinnen eng 18:47-Defaite géint Schweden. Et war déi éischt Campagne fir d’Dammen op dësem Niveau.

Géint d’Spëtzenekipp aus Schweden huet d’Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp mat 18:47 kloer de Kierzere gezunn. D’Ekipp vum Trainer Alexandre Scheubel huet versicht, nach weider Erfarungen aus dësem Match matzehuelen, déi fir déi nächst Campagnë genotzt kënne ginn.

D’Golkippesch Laure Flener huet am Ufank mat zuelräiche Paraden dofir gesuergt, dass d’Schweedinnen net direkt dervu gezu sinn. No 7 Minutten hat d’Golkippesch, déi bei der HSG Hunsrück an Däitschland spillt, 50 Prozent vun de Bäll op hire Gol gehalen (4/8). Am Ugrëff hunn d’Lëtzebuergerinne bis an déi 8. Minutt gebraucht, fir den éischte Gol ze markéieren, duerno si se awer besser an de Match komm a konnten an der éischter Hallschent nach sechs weider Goler schéissen.

Schweden huet den Tempo héich gehalen a vun de Ballgewënner an der eegener Hallschent profitéiert. De Score louch zur Paus bei 24:7, well d’Heemekipp quasi all Feeler vun de Lëtzebuergerinne bestrooft huet.

Déi jonk lëtzebuergesch Ekipp huet sech am zweeten Duerchgang awer net opginn a konnt méi Goler schéisse wéi an den éischten 30 Minutten. Nieft dem Laure Flener am Gol konnten nach eng Rëtsch Jonker op sech opmierksam maachen.

D’Lëtzebuerger Damme schléissen hir éischt Campagne mat 0 Punkten op der véierter Plaz vu Grupp 7 of. De Géigner Schweden stoung scho virun dem leschte Match als Gruppegewënner fest a fiert wéi Island op d’Europameeschterschaft Enn des Joers.