D'Anne Simon ass Kapitänin vun der University of Maine
Den 22. Mäerz huet d’University of Maine fir déi éischte Kéier am March Madness gespillt.
An dat op alle Fall mam Anne Simon. Der Lëtzebuerger Nationalspillerin si 25 Punkte gelongen. De Match am éischten Tour zu Portland géint Ohio State ass leider mat 57 op 80 verluer gaangen, mee et war de perfekten Ofschloss vun enger staarker Saison vun der Uni vu Maine an hirer Kapitänin Anne Simon. Maine huet net nëmmen an der Regular Season als Éischten ofgeschloss, mee no zwou Defaiten an de leschten dräi Joer och endlech de Playoff-Tournoi vun der America East Conference.
D’Anne Simon ass zum Player of the year an zum Defensive Player of the year gewielt ginn. Dat no 18,9 Punkten, 7,3 Rebounds an 3,3 Assists an der Moyenne. D’Lëtzebuergerin huet ee Psychologie Bachelor an der Täsch an huet och e Master an den Disability Studies ugefaangen.
Reng sportlech bleift d’WNBA e groussen Dram. Vir den Draft huet si sech ugemellt. Schonn en Trainingskontrakt wier e Succès, mee d’Anne Simon sicht sech parallel en Agent an eng Profiekipp an Europa.