Bierchem stoppt Escher Laf an ass quasi Champion

© RTL / Serge Olmo
Den Tabelleleader gewënnt beim HB Esch, wärend Diddeleng géint Käerjeng Plomme léisst. Bei de Käerjenger Damme gouf et e Changement op der Trainerbänk.
Axa League Hären
Am Spëtzematch vum 7. Spilldag am Titel-Playoff huet Bierchem de Laf vum HB Esch gestoppt. Den Tabelleleader setzt sech no engem haart ëmkämpfte Match 29:26 duerch. Bis déi 16. Minutt war de Match ganz serréiert, mee Bierchem konnt ni d'Féierung iwwerhuelen. Duerno huet den HBE e 4:0-Laf gestart, deen en och bis an d'Paus behale konnt. Et war eng ëmkämpft éischt Hallschent, an där net manner wéi 7 Zäitstrofe verdeelt goufen.
Bierchem ass mat vill Engagement aus de Kabinne komm, et huet awer bis zur 45. Minutt gedauert, bis d'Réiserbänner ausgläiche konnten. Kuerz drop ass d'Ekipp vum Trainer Marko Stupar eng éischt Kéier an dësem Match a Féierung gaangen. Duerno huet sech bis an d'Crunchtime e spannenden an intensive Match entwéckelt, wou Bierchem déi besser Nerven an dat néidegt Duerchsetzungsverméigen hat. Bierchem kann domat am nächste Match de Championstitel kloer maachen.
Am zweeten Toppmatch vum Owend huet sech Käerjeng e bëssen iwwerraschend 36:32 beim HB Diddeleng duerchgesat. Et war déi éischt Victoire fir d'Ekipp aus der Brauereistad iwwerhaapt am Playoff.
Diddeleng war besser an de Match gestart a konnt sech kuerzzäiteg op véier Goler ofsetzen. Käerjeng huet bis zur 20. Minutt opgeholl an huet och vun enger Disqualifikatioun fir den Diddelenger Ilic profitéiert. Bis zur Paus hat sech Käerjeng op 5 Goler ofgesat (20:15). Käerjeng huet säi Stiwwel no der Paus weidergespillt a konnt den Ecart konstant bei sechs Goler halen. Och déi direkt Disqualifikatioun vum Yakub Lallemang an der 42. Minutt huet déi Käerjenger net aus dem Trëtt bruecht, soudass um Enn eng verdéngt Victoire steet.
Den Tabellenzweeten Déifferdeng huet beim Chev Dikrech näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 34:18 duerchgesat. Déifferdeng war mat engem 8:0-Laf an de Match gestart an Dikrech konnt eréischt no 15 Minutten den éischte Gol markéieren. Domat war d'Richtung fir dëse Match scho virginn. No enger 16:5-Féierung zur Paus huet Déifferdeng am zweeten Duerchgang den Tempo e bëssen erausgeholl, soudass de Score bei 18:34 stoe bliwwen ass. Dikrech hat och just 11 Spiller zur Verfügung.
An der Relegatioun huet sech den Tabellenéischte Rëmeleng mat e bësse Krämpes um Enn awer kloer 34:26 zu Bieles behaapt. Bieles huet e bëssen iwwerraschend bis zur 46. Minutt matgehalen a konnt de Match ausgeglach gestalten, an der Crunchtime huet Rëmeleng vu senger Erfarung profitéiert an de Sak zougemaach. De punktgläichen Tabellenzweete Schëffleng huet sech beim HB Museldall keng Bléisst ginn (29:20). E Sonndeg huet sech de Standard mat 30:22 zu Miersch duerchgesat.
Spillplang Häre Playoff
Axa League Dammen
Dikrech konnt den Tabelleleader Diddeleng net wéi an der Normalsaison iwwerraschen a verléiert kloer 14:34 an der Forge du Sud. Den HBD war vun Ufank u konzentréiert zu Wierk gaangen a louch séier 6:0 vir. No enger Auszäit koum de Chev wuel besser an de Match, mee de Virsprong fir Diddeleng ass weider geklommen. No engem 18:8 an der Paus fir den HBD stoung um Enn en 34:14 um Tablo. Virun allem d'Réckraumspillerin Sharon Dickes an d'Laura Willems um Krees konnten dësem Match mat 10 respektiv 7 Goler hire Stempel opdrécken.
No der Néierlag virun enger Woch géint Diddeleng ass Käerjeng mam Zoran Radojevic op der Trainerbänk ugetrueden. Wéi de Veräin e Samschdeg de Moie gemellt hat, hätt een "am Interêt vun der Ekipp an hire Leeschtunge Verännerungen als néideg eruecht." Fir de Radojevic, deen d'Chris Poos an d'Buba Jurleta ersetzt, ass et dat zweet Engagement als Dammentrainer zu Käerjeng.
Am Match géint den HB Museldall huet sech Käerjeng anescht wéi am Match géint Diddeleng presentéiert an um Enn kloer mat 30:19 d'Iwwerhand behalen. No engem méi schwéieren Ufank huet sech den HBK lues a lues komfortabel ofgesat a louch an der Paus schonn 18:8 vir. Op der Säit vum Museldall huet déi jonk Nationalspillerin Alissa Massaro mat 7 Goler op sech opmierksam gemaach.
Schonn e Freideg hat sech Déifferdeng mat 36:25 géint Esch behaapt.
An der Relegatioun huet sech den Tabellenéischten Diddeleng2 mat 29:22 beim HC Standard duerchgesat an den Tabellenzweete Käerjeng2 hat keng Problemer mat Miersch (33:16). D'Partie tëscht dem HB Bieles an dem HC Atert Réiden war bis zum Schluss spannend, mam besseren Ausgang fir Bieles (27:26).