D'Ekipp vum Trainer Olivier Baudry huet den Opstig 4 Spilldeeg viru Schluss vun der Éierepromotioun an d'BGL Ligue gepackt.

SC Beetebuerg no 51 Joer nees an der BGL-Ligue / Reportage: Franky Hippert

Et war e laangen Dag fir den SC Beetebuerg. Mat ëmmer mol nees engem Passage an der Éierepromotioun, huet ee jorelaang aus den ënneschten Divisioune mussen nokucken, wéi den Noper Diddeleng d'Champions-Titelen an der BGL Ligue gesammelt huet. Lo ass Beetebuerg d'nächst Saison och emol nees um héchsten nationalen Niveau mat dobäi, de President vum SCB Patrick Hutmacher:

"Eigentlech hu mer ons scho geduecht, dass et dëst Joer kéint oder misst klappen. Dass et elo schonn um leschte Match sécher ass, dass mir gestige sinn, domadder hate mer natierlech net gerechent. D'Gefiller sinn onbeschreiflech. Mir hu vill Freed, Stolz op d'Ekipp, Stolz op dee ganze Veräin."

D'lescht Saison war den SCB schonn no dru fir an d'BGL Ligue ze steigen, am Barragematch gouf et awer dunn eng Defaite géint Käerjeng. Zu Beetebuerg hat een awer keng Angscht, datt dann dës Saison e Contrecoup kéim:

"A mir woussten a sech scho virum Match, dass et schwéier géif ginn. Mir hate vill Verletzter, onse Kader war net breet genuch opgestallt a woussten eigentlech schonn, wat mer musse besser maachen, fir dës Saison besser ofzeschneiden", sou de Patrick Hutmacher weider.

Fir Beetebuerg kënnt den Opstig awer och net vun ongeféier:

"Jo, mir schaffe schonn iwwer 20 Joer fir de Veräin. D'Jugendaarbecht ass ons immens wichteg. Mir hunn awer virun zéng Joer och decidéiert, dass mer, fir dass ons Jugendaarbecht Friichten dréit, ons 1. Ekipp muss méi héich spillen. A mir hunn u sech zum Zil gesat, dass ons 1. Ekipp misst Éierepromotioun spillen a mir wéilten u sech, dass mer ons do an der Éierepromotioun etabléieren. Mee virun zéng Joer ware mer nach an der 2. Divisioun. 2018 si mer an d'1. Divisioun gestigen, 2020 an d'Éierepromotioun."

Natierlech ass zu Beetebuerg scho gefeiert ginn, d'Zil ass et awer och beim SCB, d'Saison nach op der éischter Plaz ofzeschléissen.