Nächst Ofso
Ralf Rangnick gëtt net neie Bayern-Trainer

© APA/SID/GEORG HOCHMUTH
De Ralf Rangnick wäert iwwer d'EM am Summer eraus Trainer vun der éisträichescher Nationalekipp bleiwen an net bei den däitsche Rekordchampion wiesselen.
Dat huet d'éisträichesch Futtballfederatioun en Donneschdeg matgedeelt. D'Bild-Zeitung hat dem 65 Joer ale Rangnick seng Ofso un den FC Bayern als éischt gemellt.
Et ass scho méi laang bekannt, dass d'Bayern an hiren aktuellen Trainer Thomas Tuchel Enn der Saison getrennte Weeër ginn. En neie Cheftrainer ass bis elo awer nach net fonnt. De Rangnick huet nach bis viru kuerzem als ee vun de Favoritten op de Poste gegollt.
Am meeschte gelies