Um 4. Spilldag am Titel-Playoff huet sech de Racing déi véiert Meeschterschaft hannertenee geséchert. D'Ekipp aus der Stad huet 3:0 géint Ell gewonnen.

De Racing kréint sech duerch en 8:2 géint Ell zum Champion bei den Dammen. Et ass de véierten Titel hannertenee fir d'Ekipp aus der Haaptstad. D'Ekipp vun der Trainerin Elodie Martins hat dem Géigner scho fréi gewisen, dass et zu kenger Iwwerraschung sollt kommen. Schonn no 15 Minutte stoung et 3:0 fir de Racing, dee bis zur Paus nach op 6:0 erhéije konnt. No der Paus hunn et d'Spillerinnen a Blo méi lues ugoe gelooss. Si hunn zwar nach zwee Goler dropgesat, mee um Enn vun der Spillzäit konnt Ell nach zwee Mol de Ball am Filet ënnerbréngen. Dat huet awer näischt méi um Jubel iwwer den nächsten Titel op der Racinger Säit geännert.

Dëse Match war och d'Generalprouf fir d'Coupe-Finall, wou béid Ekippen nees openeentreffen.

Am Duell tëscht dem Tabellendrëtte Mamer an dem Tabellenzweeten Hesper gouf et eng 1:0-Victoire fir d'Gäscht vum Holleschbierg, déi domat déi zweet Plaz fix hunn a Vize-Champion ginn.

Am Ofstigsgrupp huet den Tabelleleschte Rouspert och den 22. Match vun der Saison verluer. E Samschdeg gouf et en 0:6 bei Déifferdeng, déi domat och wichteg Punkten am Ofstigskampf sammelen. Fir Beetebuerg war et kee gudden Owend. Wéinst der Victoire vun Déifferdeng an der Beetebuerger Néierlag zu Jonglënster (2:4) muss Beetebuerg déi zwee lescht Matcher gewannen, fir net ofzesteigen. D'Victoire vun Dikrech bei der Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher ass nach fir d'Statistik.