De Leader muss domat op mannst eng weider Woch op de Championstitel waarden. Fir Fola a Schëffleng gëtt et am ënneschten Deel vun der Tabell ëmmer méi enk.

Um 27. Spilldag vum nationale Futtballchampionnat ass et an der Course ëm den neie Champion nach keng Decisioun ginn. Duerch en Déifferdenger Remis kann den F91 Diddeleng dräi Spilldeeg viru Schluss nach eemol op siwe Punkten eru réckelen.

No engem 2:2 géint Rouspert muss Déifferdeng weiderhin op de Championstitel waarden. D'Lokalekipp hat an deenen éischte 45 Minutten fir de gréissten Deel de Ball, un den néidege Golchancen huet et allerdéngs gefeelt. D'Ekipp vu Stroossen war dogéint no enger gudder Phas duerch e Gol vum Carratala-Jimenez a Féierung gaangen. An der zweeter Hallschent konnten d'Goler vum Costa Monteiro an Trani de Spillstand dann zwar dréinen, fir dräi Punkte sollt et um Enn awer net duergoen. An der 91. Minutt war et eng zweete Kéier de Carratala-Jimenez deen op 2:2 stelle konnt. Nächst Woch geet eng Diddelenger Defaite oder eng eege Victoire am Derby zu Nidderkuer duer fir Champion ze ginn.

Mat engem 3:0-Succès géint Péiteng krut den F91 Diddeleng déi Déifferdenger Party op mannst fir eng weider Woch verhënnert. No enger éischter schwaacher Ufanksphas vu béiden Ekippen konnt den Agovic d'Haushäre vun Diddeleng ronn 10 Minutte virun der Paus a Féierung bréngen. Mat zwee weidere Goler duerch de Moussaki an den Tallarico an de leschten 10 Minutte war de Match dann entscheet.

De Swift Hesper bleift mat engem 2:0-Succès bei der Escher Jeunesse op de viischte Plazen drun, genau sou wéi de Progrès Nidderkuer, dee sech mat 4:2 zu Munneref duerchsetze konnt. Béid Ekippe sti punktgläich op de Plazen Dräi a Véier.

Fir de Marisca Miersch gouf et dann eng immens wichteg 2:0-Victoire géint Schëffleng, duerch déi ee sech op véier Punkte vun enger direkter Ofstigsplaz distanzéiert. Schëffleng dogéint bleift domat op der zweetleschter Plaz stoen.

Och Monnerech ka sech mat engem wichtege 2:1-Succès géint d'Fola e bësse Loft an der Lutte géint den Ofstig verschafen. Sechs Punkte bedréit dräi Spilldeeg viru Schluss den Ecart op eng direkt Ofstigsplaz, selwer steet een awer weider op enger Barrageplaz. Fir d'Escher Fola gesäit et als Tabelleschlussliicht a punktgläich mat Schëffleng weiderhin net sou gutt aus.

An de weidere Partië vum Sonndeg spille Käerjeng a Wolz2:2 gläich an och Stroossen an de Racing deele sech mat engem 1:1 d'Punkten.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell