Berbuerg wënnt geckeg 1. Finall géint Hueschtert-Folscht

© Yannick Zuidberg
E Sonndeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat déi éischt Finall an der Best-of-2-Serie tëscht Hueschtert-Folscht a Berbuerg.
Den amtéierende Champion huet e Sonndeg zu Berbuerg d‘Lokalekipp ufanks komplett dominéiert an et huet ee sech eigentlech eng kloer Victoire vum Titelverdeedeger deen Ament erwaart, ma d‘Haushären hunn eng impressionnant Reaktioun gewisen. Fuentes a Schwarz hunn allebéid hiren zweete Match gewonnen a konnten esou op 3:3 stellen, nodeems ee schonns mat 1:3 hanne louch.
Och an der Suite ass d‘Comeback vun de Berbuerger weidergaangen. Den Tom Scholtes konnt sech géint de Kevin Kubica duerchsetzen, iwwerdeems den David Henkens e spannende Match mat 3:2 géint de Landesmeeschter Maël van Dessel fir sech entscheede konnt. Beim Stand vu 5:3 fir d‘Haushäre goung et also an d‘Dubbelen.
An hei konnt d‘Koppel Fuentes/Scholtes de 6. Punkt fir Berbuerg markéieren, esou dass si déi éischt Finall iwwerraschend mat 6:3 gewannen.