Adrien Rossignon neie Champion bei den Hären, Eléonore Hiller bei den Dammen
Bei de Junioren a Juniorinne goufen et Victoirë fir den David Lang an d'Linda Krombach.
D’Elite, d’Junioren a Juniorinnen, d’Promo an d’Ekippe Kompetitioun, alles an där selwechter Course, mat zum Deel ënnerschiddlechen Distanzen. Do ass et net einfach fir den Iwwerbléck ze behalen. Kënnt nach derbäi, datt den Organisateur, de Karibu Jonglënster, de Spectateure méiglechst vill Passagë vun den Duathlete wollt bidden. Do bleift Loft no uewen, fir dat Ganzt ënnert een Hutt ze kréien.
Bei den Damme war d'Samantha Ecker selwer iwwert hier Victoire
iwwerrascht, well d’Championnat net spezifesch virbereet gouf. Zweet gouf d’Anne Mathay an Drëtt d’Anne Reiser.
D’Gesamtvictoire an den Titel vun der Championne de la Federatioun geet un d’Eléonore Hiller.
Bei den Häre stoung den Adrien Rossignon schonn dräi Mol um Podium, awer nach ni ganz uewen. Dës Kéier ass dat de Fall, mam Championstitel, an als 4. am Generalklassement. Hie gewënnt d’Course virum Moris Brust an dem Nicolas Toutsch.
Bei de Junioren an de Juniorinnen hunn d’Triathleten dominéiert. Den David Lang gëtt aus dem Training eraus souverän Champion.
Kee Wonner, de jonken Athlet beweegt sech am Triathlon am Top 10 weltwäit. Den Theo Marti gëtt 2. an de Gilles Berg 3..
Och d'Linda Krombach spillt international ganz uewe mat an huet
d’Course vun de Juniorinne viru Mousel a Berens dominéiert.
D’Triathlete sinn zréck aus der Sonn, aus engem Stage zu Mallorca an an zwou Woche gëtt et dann Eescht. An der Triathlonsfamill ginn och am Jugendberäich, Neel mat Käpp gemaach.