Um Donneschdegowend waren d'Retourmatcher vun den Halleffinallen an der Europa League souwéi an der Conference League.

Europa League

Bayer Leverkusen - AS Roum 2:2
0:1 Paredes (43' Eelefmeter), 0:2 Paredes (66', Eelefmeter), 1:2 Mancini (83', Eegegol), 2:2 Stanisic (97')

Nodeems Leverkusen den Allersmatch mat 2:0 fir sech entscheede konnt, huet scho kee méi esou richteg un d'AS Roma gegleeft. D'Leverkusener waren den Owend wuel och déi besser Ekipp, mä nach virun der Paus konnt d'AS Roma duerch de Paredes den 1:0 markéieren an de Match domadder nach spannend maachen. An der 66. Minutt war et dunn nees de Paredes, deen e Gol markéiere konnt. Deemno stoung et 2:0 fir d'AS Roma an den Allersmatch war egaliséiert. Allerdéngs sollt nach e Réimer op dësem Owend e Gol markéieren, mä de Mancini huet de Ball dobäi an der 83. Minutt a sengem eegene Gol ënnerbruecht. An der 97. Minutt konnt de Stanisic esouguer nach fir seng Faarwen egaliséieren, soudatt Leverkusen mat engem 2:2 an d'Finall anzitt an no 49 Matcher ëmmer nach ongeschloe bleift.

Atalanta Bergamo - Olympique Marseille 3:0
1:0 Lookman (30'), 2:0 Ruggeri (52'), 3:0 Touré (94')

Atalanta Bergamo huet am Réckmatch näischt méi ubrenne gelooss a sech doheem souverän géint Marseille duerchgesat. Schonn an der éischter Hallschent konnt de Lookman seng Faarwen a Féierung bréngen. An der zweeter Hallschent war et dunn de Ruggeri deen de Score erhéije konnt. Um Enn steet nom Gol vum Touré an der Nospillzäit en 3:0 um Bou vum Match a Bergamo domadder an der Finall.

Conference League

FC Bruges - AC Florenz 1:1
1:0 De Cuyper (20'), 1:1 Beltran (85', Eelefmeter)

Olympiakos Piräus - Aston Villa 2:0
1:0 El Kaabi (10'), 2:0 El Kaabi (78')