Nëmme Kapitänen duerfe "meckeren" kommen

© AFP
Et gesäit een et dacks am Futtball: Den Arbitter hëlt eng Decisioun a scho stinn eng ganz Partie Futtballer ronderëm hien, déi op hien arieden.
Datt d'Arbitteren an esou Fäll net ze vill ënner Drock geroden a weiderhi professionell an neutral Decisiounen huele kënnen, gräift d'UEFA elo duerch. Bei der Europameeschterschaft an Däitschland vum 14. Juni bis de 14. Juli soll et just de Kapitäne vun den Ekippen erlaabt sinn, bei den Arbitter "meckeren" ze goen, wann eng ëmstridden Decisioun geholl ginn ass. Déi Spiller, déi dës nei Reegelung net respektéieren, déi lafe Gefor, eng giel Kaart ze kréien.
Allerdéngs wier et deen Ament och esou, datt d'Arbittere géigeniwwer den Ekippen hir Decisioune besser a méi kloer begrënne sollen. D'UEFA wëll hei eng respektvoll Atmosphär tëscht alle Parteie schafen. Sollt ee Golkipp Kapitän sinn, soll e Feldspiller am viraus designéiert ginn, deen amplaz vum Kapitän mam Onparteiesche schwätzen duerf.