SportkeelenLëtzebuerg ass Vizeweltmeeschter am Team mixed

RTL Lëtzebuerg
Bei de 16. Weltmeeschterschaften am Sportkeelen zu Herne an Däitschland gouf et e grousse Succès fir déi Lëtzebuergesch Mixed-Ekipp.

D’Ekipp aus Martine Keller, Mandy Parracho, Gilles Mores a Chris Fuchs konnt sech mat am Ganze 40,5 Punkten aus 4 Bléck de Vizeweltmeeschtertitel sécheren. Dat knapp virun de Brasilianer, déi op 39 Punkte kommen. Weltmeeschter gëtt Däitschland mat 54,5 Punkten.

Eng Mixed-Ekipp am Keele besteet aus zwou Fraen an zwee Männer.

D'Schreiwes vun der Keelefederatioun.

Back to Top
CIM LOGO