Ex-Trainer Allegri wëll géint Entloossung kloen

© AFP
Den italieenesche Fussball-Rekordchampion Juventus Turin riskéiert en ëffentleche juristesche Sträit mat sengem Ex-Trainer.
De Massimiliano Allegri war e Freideg entlooss ginn a wëll, wéi et an der Press elo heescht, dogéint kloen.
De 56 Joer alen Trainer fënnt, hien hätt net dierfen entlooss ginn, nëmmen, well hien an der Coupefinall géint Atalanta Bergamo nieft dem Terrain duerchgedréit war. Den Allegri hat fir d'éischt eng rout Kaart kritt, huet e Linneriichter beleidegt, fir sech um Enn de Paltong auszedoen an d'Krawatt vu Roserei vum Hals ze zéien, wéi hie vum Arbitter an d'Kabinn geschéckt gouf.
Hie selwer fënnt net, datt een dowéinst en Aarbechtsverhältnis kënnege kéint a kéint drop bestoen, fir seng Pai bis d'Enn vu sengem Kontrakt 2025 ausbezuelt ze kréien. De Massimiliano Allegri ass den éischten Trainer an der Veräinsgeschicht vun der Juve, dee wéinst sengem Behuele fräi gestallt gouf.