Déi 21 Joer jonk Lëtzebuergerin ass eent vun de villverspriechendsten Talenter am Kader vun der FLT.

Am Ufank vum leschten Joer krut Marie Weckerle deen éischte Weltranglëschtepunkt. Haut sinn et där e puer méi. Lescht Joer konnt d'Tennisspillerin mat hiren Traineren Tim Sommer a Mandy Minella am Dubbel zwee Titelen op der ITF Tour gewannen. Zil ass elo, den nächsten Schratt ze maachen an och am Simpel deen éischten Titel ze feieren.

Beim Tournoi zu Sharm El Sheik an Ägypten an zu Manacor a Spuenien stoung d'Marie Weckerle an der Final. Fir en Titel sollt et um Enn awer net duergoen. D'Géignerinne waren ëm déi 150 Plaze besser klasséiert. Trotzdeem ass de Start an dëst Joer méi wéi positiv ze bewäerten.

Méindes gëtt ëmmer d'Weltranglëscht aktualiséiert. An do war beim Marie Weckerle dacks e grénge Feil ze fannen. E gutt Zeechen, well dat heescht, dass et an der Weltranglëscht biergop geet.

Fir nach weider ze klammen, gëllt et nieft der Technik och um mentale Plang ze schaffen. Den Afloss vum Coach ass wärend engem Match nämlech geréng. Um Terrain ass en Tennisspiller eleng mat senge Gedanken. A genau an deem Beräich kann d’Mandy Minella, déi fréier Nummer 66 vun der Welt, vill weiderhëllefen, well um mentale Plang gesäit d'Marie Weckerle nach vill Verbesserungspotential.

Et kann ee gespaant sinn, wéi d’Joer weidergeet. A Spuenien a Portugal huet d'Marie Weckerle deemnächst d’Chance, sech weider an der Weltranglëscht no vir ze schaffen.