Aus dem internationale Futtball kënnt d'Nouvelle, datt de Xavi an den FC Barcelona awer elo getrennte Weeër ginn.

Dat huet de spuenesche Champion vum leschte Joer um Freideg matgedeelt.

Ufank des Jores hat de Xavi annoncéiert, hie géing no der Saison zu Barcelona ophalen.

Virun engem Mount huet sech de fréiere Mëttelfeldspiller dunn awer decidéiert, weiderzemaachen.

De Xavi souz zanter 2021 bei de Katalanen op der Trainerbänk.

De fréiere Bayern-Trainer an däitschen Nationaltrainer Hansi Flick gëtt als méigleche Successeur gehandelt.