Diddeleng ass Champion bei den Dammen

© Gilles Tricca
Den HBD setzt sech mat 26:24 zu Käerjeng duerch a feiert den 1. Titel zanter 2016. An der Paus louch Diddeleng nach mat 5 Goler am Réckstand.
Am Dammenhandball koum et um Samschdeg zu enger richteger Finall ëm den Titel. Käerjeng huet den Tabelleleader Diddeleng empfaangen an de Match mat 24:26 verluer, obwuel d'Heemekipp an der Paus nach mat 5 Goler am Avantage war. Diddeleng huet am Playoff kee Match verluer a feiert domadder e verdéngte Championstitel.
Axa League Dammen
Diddeleng huet sech zu Käerjeng mat 26:24 duerchgesat. D'Heemekipp war vun Ufank un hellwaakreg a war séier mat 4:1 vir. No enger klenger méi schwaacher Phas, an där d'Gäscht 4 Goler hannertenee markéiert hunn, huet sech Käerjeng nees gefaangen. D'Heemekipp huet e Laf gestart a war an der Paus 13:8 am Avantage. No der Paus sinn d'Gäscht awer Stéck fir Stéck méi no komm a waren an der 54. Minutt beim 23:22 nees fir. Käerjeng konnt näischt méi dogéint setzen an Diddeleng an der Tabell net méi iwwerhuelen. Et war den 11. Championstitel fir Diddeleng an den éischten zanter 2016.
Dikrech huet doheem mat 22:32 géint Déifferdeng de Kierzere gezunn. Déifferdeng bleift op der 3. Plaz an der Tabell. Et ass déi bescht Placéierung fir Déifferdeng iwwerhaapt an hirer Geschicht.
Esch huet doheem knapp mat 20:19 géint de Museldall gewonnen. An där Partie war et an der Tabell ëm näischt méi gaangen.