An der Finall vun der däitscher Coupe huet Leverkusen sech mat 1:0 duerchgesat an den zweeten Titel no der Meeschterschaft gewonnen.

Zu Berlin am Olympiastadion huet Leverkusen aus der 1. Bundesliga géint Kaiserslautern aus der 2. Liga gespillt. De Favorit aus der ieweschter Divisioun huet sech duerch e Gol vum Granit Xhaka géint Kaiserlautern mat 1:0 behaapt.

An der éischter Hallschent huet de Favorit d'Heft direkt an d'Hand geholl. Mat vill Ballbesëtz huet Leverkusen de Ball an den eegene Reien dréine gelooss. Kaiserslautern stoung hannendran an huet probéiert, iwwer Kontere geféierlech no vir ze kommen. D'Aufgab sollt fir Lautern awer relativ séier méi schwéier ginn. An der 17. Minutt huet den Xhaka den 1:0 fir Leverkusen markéiert. D'Ekipp aus der 1. Bundesliga huet weider no vir gespillt a sech Chancen erausgespillt. E weidere Gol sollt an enger éischter Phas awer net falen. Kuerz virun der Paus huet de Kossounou vu Leverkusen déi giel-rout Kaart gewise kritt a seng Ekipp geschwächt. D'Moral vu Lautern war direkt besser an de Raschl huet knapp laanscht de Gol geschoss.

Nom Säitewiessel war den Underdog trotz Iwwerzuel a Réckstand weiderhi virsiichteg, et wollt een net an d'oppent Messer lafen. No enger Stonn hat den Ache vu Lautern awer zwou gutt Chancen, d'Bäll op de Gol waren awer net präzis genuch. Kaiserslautern ass d'Zäit méi fortgelaf a Leverkusen huet hannen d'Raim gutt zou gemaach. Ronn 15 Minutte viru Schluss huet de Frimpong eng honnertprozenteg Chance op den 2:0 leie gelooss. An der Schlussphas hat Lautern net méi genuch Kraaft a konnt offensiv näischt méi dropleeën. Um Enn ka Leverkusen verdéngt de Gewënn vun der Coupe feieren. Et ass den éischten Doublé an der Geschicht vu Bayer Leverkusen.

An England huet ManU den FA Cup géint Manchester City gewonnen.