120 Euro d'Stéck
Tickete fir Frankräich-Lëtzebuerg waren an 10 Minutten ausverkaf

Den nächste Mëttwoch spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekippe e Frëndschaftslännermatch zu Metz géint Frankräich.
D‘FLF hat vun der franséischer Futtballfederatioun eng gewëssen Zuel vun Ticketen vun der 1. Kategorie kritt, fir am Stade Saint-Symphorien live dobäi ze sinn.
Déi Tickete sinn um Mëttwoch de Moien um 10 Auer um Internetsite FLF.lu an de Verkaf gaangen a waren no 10 Minutten all fort.
Am meeschte gelies