D'Fola rett sech am Eelefmeterschéissen

Et gouf nach en Happy End fir d'Escher Fola. Well et no 120 Minutten 2:2 stoung, huet d'Eelefmeterschéisse mussen decidéieren.
D'Fola Esch spillt och déi nächst Saison an der BGL Ligue. Mat Hueschtert, Beetebuerg a Rodange spillen déi nächst Saison dräi nei Ekippen an der héchster lëtzebuergerscher Liga.
CS Fola Esch - US Rëmeleng 6:3 n.E. (2:2, 1:1)
1:0 Flick (15'), 1:1 Moukam (51'), 1:2 Maison (79'), 2:2 Klein (90'+3)
Esch war besser an de Match komm a louch no 15 Minutte verdéngt a Féierung. Och duerno haten déi Rout-Wäiss déi besser Chancen, mee de Ball sollt de Wee an de Filet net fannen. An engem faire Match hu béid Ekippe vill Asaz a Kampfgeescht gewisen.
Rëmeleng hat am éischten Duerchgang just eng kloer Golchance, mee de Moukam ass fräi virum Gol a Récklag komm an huet de Ball iwwert de Gol gesat. Dës Aktioun war an der 33. Minutt a bis zur Paus sollt Rëmeleng ëmmer besser ginn.
Dëse Schwong huet d'USR och mat an déi zweet Hallschent geholl. Et huet knapp 5 Minutte gedauert, bis de Moukam de Ball dës Kéier am Escher Gol ënnerbrénge konnt, an domat war de Match nees oppen.
Virun 2.277 Zuschauer am Stade John Grün zu Munneref ass de Match duerno ëmmer méi verflaacht. Rëmeleng hat wuel nach ëmmer d'Soen um Terrain, och well d'Fola sech op d'Verteidege konzentréiert huet, mee zwéngend Golchancë sinn dobäi net zustane komm.
Nom 2:1 fir Rëmeleng an der 79. Minutt hat et bis kuerz viru Schluss esou ausgesinn, wéi wann d'Escher Fola de battere Gang an d'Éierepromotioun misst untrieden, mee an der Nospillzäit konnt d'Ekipp vum Escher Gaalgebierg nach den Ausgläich schéissen.
Soumat ass et an d'Verlängerung gaangen. Do hate béid Ekippe jeeweils just eng gutt Golchance, soss war vill Leerlauf. Rëmeleng hätt mat der leschter Aktioun de Match kënnen decidéieren, mee den Escher Golkipp Cabral konnt den Aschlag verhënneren.
Am Eelefmeterschéissen hu gläich bei zwee Rëmelenger Spiller d'Nerve versot an de Cabral konnt zwee Mol paréieren. Op Folas Säit huet all Spiller markéiert soudass d'Fola an der BGL Ligue verbleift.