D’Lëtzebuerger FLTA Delegatioun huet beim European Grand Prix zu Porec 5 Top 10-Plaze realiséiert. 

Déi eenzeg Medail gouf et am Coumpound. D’Mariya Klein (fréier Shklona), d'Kenza Pop an d’Stefania Merlin kruten a Kroatien d’Bronzmedail an der Ekippekompetitioun.
 
Fir de Pit Klein (9.), de Jeff Henckels (17.) an de Jerome Ansel (57.) war et am Recurve de leschten Test virum World Cup zu Antalya. Vum 17. Juni un decidéiert sech an der Tierkei, wien déi leschte Quoteplaz fir d’olympesch Spiller kritt.