D'EM-Finall gouf am Olympiastadion zu Berlin gespillt.

E Sonndeg den Owend goung d'Futtballeuropameeschterschaft an Däitschland op en Enn. Spuenien huet sech mat 2:1 géint England duerchgesat a kann de 4. Europameeschtertitel feieren. No enger 1. Hallschent ouni Goler, huet de Williams Spuenien kuerz no der Paus a Féierung bruecht. England konnt duerch de Palmer ausgläichen. An der 86. Minutt huet den Oyarzabal den entscheedende Gol markéiert.

De Liveticker vun der Finall