Zanter en Dënschdeg den Owend steet fest, wien et bei der Futtball-EM an Däitschland an d'Véierelsfinalle gepackt huet.

An do kënnt et zu dëse Partien:

Freideg, de 5. Juli

18h00 Spuenien - Däitschland
21h00 Portugal - Frankräich

Samschdeg, 6. Juli

18h00 England - Schwäiz
21h00 Holland - Tierkei

An den Halleffinallen treffen d'Gewënner vum Freideg dann den 9. Juli openeen. D'Gewënner vum Samschdeg spillen den 10. Juli géinteneen. Béid Matcher sinn um 21 Auer. D'Finall ass e Sonndeg, de 14. Juli selwecht Auerzäit.