VolleyballOptakt-Néierlag fir Lëtzebuerg géint Holland an der European League

Jeff Birsens
E Samschdeg stoung fir d'Lëtzebuerger Volleyball-Nationalekipp den éischte vun zwee Matcher vum European-League-Turnéier an Nordmazedonien um Programm.
Déi lëtzebuergesch Volleyball-Härennationalekipp
Déi lëtzebuergesch Volleyball-Härennationalekipp
© Tiago Baptista

E Samschdeg den Owend huet Lëtzebuerg fir den Optakt vun der European League mat 0:3 (17:25, 22:25, 16:25) géint Holland de Kierzere gezunn.

An der European League, an där 27 Länner deelhuelen, gi wärend dräi Wochen dräi verschidden Turnéiere mat jeeweils dräi Ekippe gespillt. Déi bescht 4 Länner spillen um Enn ëm den Titel a si gläichzäiteg och scho fir d'EM 2028 qualifizéiert. Lëtzebuerg huet dëse Weekend den Optakt zu Strumica an Nordmazedonien gemaach. Am éischte Match géint Holland gouf et e Samschdeg eng 0:3-Defaite.

E Sonndeg steet dann den zweete Match vun dësem Turnéier um Programm, wou et nach géint Nordmazedonien geet.

Den nächste Weekend geet et fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp am schwäizeresche Kriens da géint d'Schwäiz a géint Ungarn. An zwou Woche geet et dann am Gymnase vun der Coque e Freideg, den 19. Juni ëm 19:30 Auer géint Éisträich an e Sonndeg, den 21. Juni ëm 17:30 géint Griicheland.

Back to Top
CIM LOGO