Nom Leandro Barreiro huet och elo de Laurent Jans een neie Veräin fonnt.

De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet beim belschen Zweetligist SK Beveren, fréier Waasland Beveren, ënnerschriwwen.

De Rekordspiller vun de roude Léiwen hat säi Kontrakt bei Waldhof Mannheim um Enn vun der Saison mat géigesäitegem Accord mam Veräin net verlängert.
 
De Rietsverteideger huet scho vun 2015 bis 2018 fir de Veräin aus der Belsch gespillt an ass bis haut nach ee vun hire Rekordspiller. Fir hie wier de Retour eng Häerzenssaach an de ganze Package hätt einfach gestëmmt, sou de Laurent Jans an enger éischter Reaktioun.

Reaktioun vum Laurent Jans

Zanter der Fusioun am Joer 2022 heescht de Veräin aus der Géigend vun Antwerpen net méi Waasland, mee elo SK Beveren. SK Beveren koum déi lescht Saison op déi 8. Plaz an der zweeter belscher Liga.