D'Lëtzebuergerin war de Weekend beim Weltcup zu Radzionkow a Polen am Asaz.

Gutt Resultat de Weekend fir d'Fie Christine Skarsoe (69,043) am Dressurreiden. D'Lëtzebuergerin huet mat hirem Päerd Imperador Dos Cedros de Weltcup zu Radzionkow a Polen gewonnen.

Déi zwou Polinnen Katarzyna Milczarek um Guapo (66,934) an d'Susanne Krohn um Titolas (66,522) hunn de Podium komplettéiert.