Nieft der beschter Lëtzebuerger Triathleetin waren de Weekend nach weider Lëtzebuerger a Frankräich am Asaz.

D'Jeanne Lehair huet e Samschdeg zu Cabourg an der Normandie déi lescht Manche vum franséische Club-Championnat gewonnen. Déi 29 Joer al Triathleetin huet sech mat enger Avance vun eelef Sekonne virun der Georgia Taylor-Brown aus Groussbritannien, Olympia-Zweet vun Tokio, duerchgesat. Déi drëtte Plaz war fir d'Ilona Hadhoum aus Frankräich, virun zwee Joer hat si sech de WM-Titel bei de Juniorinne geséchert.

D'Jeanne Lehair konnt sech de Weekend net nëmmen iwwer hir Victoire freeën, ma och iwwer de Championstitel vun hirer Ekipp. Hire Veräin Poissy Triathlon huet nämlech d'Club-Meeschterschaft fir sech entscheet.

D'Lëtzebuergerin war dëst Joer bei dräi vun de fënnef Courssen, déi zum Championnat gehéieren, um Depart an huet dräi Victoirë gefeiert.

Och d'Eva Daniëls an d'Linda Krombach waren zu Cabourg um Depart. Fir si waren et d'Plaze 7 a 17. Mat hirem Veräin Vesoul komme si op déi 5. Plaz.

An der 2. Divisioun vum Club-Championnat a Frankräich waren déi zwee Lëtzebuerger Juniore Sebastian Ziekman (Mulhouse) a Rémi Hirschauer (Calais) um Depart an hu fir her bis ewell bescht Resultater gesuergt. Et waren d'Plazen 8 an 11.