"Et ass eng Home-Olympiad an dat ass éischter selten an enger Karriär"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Vëlossport
- Disziplin: Course en ligne
- Gebuertsdatum: 25.02.1987
- 4. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: 17. Plaz an der Vëloscourse
Fir d'Christine Majerus ginn et déi véiert Olympesch Spiller. Zu London 2012 war d'Vëlosfuererin eng éischte Kéier mat dobäi. D'Ëmgéigend vu Paräis nennt d'Christine Majerus hir zweet Heemecht, dofir war et hir extrem wichteg, zu Paräis nach eng Kéier dobäi ze sinn.
D'Christine Majerus am Portrait
D'Christine Majerus huet schonn ëmmer Sport gemaach, wéi si eis am Interview erkläert huet. Si huet vill ausprobéiert: Dëschtennis, Tennis, Liichtathletik an och Triathlon. Mat 19-20 Joer ass si eréischt richteg bei de Vëlo komm, wat eigentlech relativ spéit ass, ma si gesäit dat als Chance, méi eng laang Karriär kënnen ze hunn.
"Mäi Beruff ass mäin Hobby", seet d'Christine Majerus. Och a Saache Motivatioun ass si frou, datt si eréischt esou spéit ugefaangen huet an net schonns am jonken Alter es genuch hat. De gréissten Dram hätt si sech och domat erfëllt, wéi si eben hiren Hobby zu hirem Beruff gemaach huet.
A Saachen Iessen ass d'Christine Majerus ganz onkomplizéiert, mengt d'Vëlosfuererin vu sech selwer. Mee eng gutt italieenesch Pizza géif hir ëmmer gutt schmaachen.
Als Sportlerin ass si schonns immens vill gereest, Vakanz war dat awer ni. Wa si sech elo un all hir Destinatiounen zeréckdenkt, géif si gären als Touristin eemol a Japan reesen.
Op d'Fro, wat si no hirer sportlecher Karriär maache wëll, huet d'Christine Majerus gesot, datt si sech elo nach op hir lescht Wochen a Méint als Profisportlerin konzentréiere wéilt a sech dann dono genee entscheede wéilt, wat si dono mécht.
Wann ee wësse wëll, wat et dem Christine Majerus bedeit, Lëtzebuerg zu Paräis vertrieden ze kënnen, a mat wiem vun den aneren Athlete si gären e Kaffi géif drénke goen, dee ka sech de komplette Video ukucken an ulauschteren.

© Roland Miny / pressphoto