Verschidde Lëtzebuerger Athlete kënnen duerchaus op eng gutt Placéierung hoffen, fir anerer dierft et méi drëms goen, Erfarung ze sammelen.

E Freideg den Owend ass d'Erëffnungszeremonie vun den olympesche Summerspiller zu Paräis. Et ass no 1900 an 1924 déi drëtte Kéier, datt d'Spiller an der franséischer Haaptstad organiséiert ginn. Am Ganze sinn 13 Lëtzebuerger Sportler mat dobäi an ee gudden Deel dovun ass an absolutter Toppform.

Erausstécht dës Kéier d'Liichtathletik. Et hat souguer eng Zäitchen esou ausgesinn, wéi wann am Ganze sechs Lëtzebuerger Athleten un den Depart géife goen. Ma elo sinn et der mat der Patrizia van der Weken, der Vera Hoffmann, dem Bob Bertemes an dem Ruben Querinjean nach ëmmer véier, wat alles anescht wéi selbstverständlech ass, wann ee sech d'Vergaangenheet ukuckt. D'Patrizia van der Weken ass iwwer 100 Meter an der europäescher Spëtzt ukomm a well sech elo och op olympeschem Terrain beweisen. Eng Halleffinall ass an an der aktueller Form duerchaus méiglech an och realistesch. De Bob Bertemes hofft iwwerdeems, op senge leschten olympesche Spiller de Sprong an d'Finale vum Bommstoussen ze packen.

Am Cyclissem huet een - anescht wéi déi grouss Natiounen -  keng véier, mä jeeweils just een Athlet um Depart. D'Christine Majerus an den Alex Kirsch hunn awer déi néideg Experienz, fir an der Course en Ligne ee gutt Resultat ze realiséieren.

Ganz spannend gëtt et am Triathlon. D'Jeanne Lehair ass duerchaus am Krees vun de Favorittinnen, fir eng ganz gutt Placéierung ze realiséieren. Um Enn wäert d'Dagesform villes decidéieren.

Fir de Ralph Daleiden gi seng éischt olympesch Spiller virun allem eng grouss Erfarung am Schwammen, déi da fir d'Zukunft wichteg wäert sinn.

Am Dëschtennis huet Lëtzebuerg et dës Kéier fäerdeg bruecht, fir an den Eenzel-Competitiounen dräimol vertrueden ze sinn. Bei den Dammen ass et nieft der Grande Dame vun der FLTT, der Ni Xialian, d'Sarah de Nutte, déi och schonn zu Tokio mat dobäi war. A mam Luka Mladenovic ass fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Dëschtennis e Spiller bei den Häre bei Olympia dobäi.

Am Dressurreide start de Nicolas Wagner Ehlinger no Tokio bei sengen zweeten olympesche Spiller, dës Kéier virun der wonnerschéiner Kuliss vu Versailles.

Den Optakt mécht da schonns en Donneschdeg, also virun der offizieller Erëffnungszeremonie, de Pit Klein am Bouschéissen.