De Pit Klein trëtt schonn en Donneschdeg um 14.15 Auer am Bouschéissen un
Vun e Freideg bis den 11. August ass zu Paräis déi 33. Editioun vun den olympesche Summerspiller.
Mat dobäi sinn 13 Lëtzebuerger Athleten, déi de Grand-Duché an der franséischer Haaptstad vertrieden. D’Erëffnungszeremonie ass zwar réischt e Freideg an awer fänkt fir d'Lëtzebuerger Sportler d’Competitioun schonn um Donneschdeg un.
An zwar fir de Pit Klein am Bouschéissen. Fir de 27 Joer ale COSL-Elite-Sportler ass et déi éischt Participatioun bei Olympesche Spiller. An der Disziplin “Recurve” ass de Pit Klein um Donneschdeg um 14.15 Auer an der Qualifikatioun am Asaz. Fir d'Olympesch Spiller huet sech de Lëtzebuerger Champion kee spezifescht Zil gesat, hie wëll awer de Maximum raushuelen a weess, datt zu Paräis alles méiglech ass
Nieft dem Pit Klein sinn 12 weider Lëtzebuerger Athleten zu Paräis mat dobäi. Am Ganzen also 13 an domadder ee méi wéi bei den Olympesche Spiller zu Tokio virun 3 Joer. Déi meescht Lëtzebuerger Sportler waren 1960 zu Roum am Asaz, nämlech ganzer 52.
D’Lëtzebuerger Hoffnungen op gutt Resultater roue virun allem op de Liichtathleten. Dem Bob Bertemes am Bommstoussen ass eng Finall an dem Patrizia van der Weken op den 100 Meter eng Participatioun an der Halleffinall zouzetrauen. Eng Finall wier d'Kiischt um Kuch. Donieft ass awer och d'Triathletin Jeanne Lehair a gudder Form. D’Nummer 6 am Olympia-Ranking wëll ënnert déi bescht 8 kommen.
Wéi d'Lëtzebuerger Sportler ofschneiden, gi mir an den nächsten Deeg gewuer. Bei eis sidd dir souwuel op der Télé, Radio an och um RTL.lu ëmmer um neiste Stand.