De Max Cocard iwwer seng Passioun fir de Sport

45.000 Fräiwëlleger hëllefen zu Paräis bei den Olympesche Spiller. De Lëtzebuerger Max Cocard ass een dovun.
De Max Cocard ass selwer sportbegeeschtert. Hei spillt selwer Basketball, als Jugendspiller war hie beim Racing an am Nationalkader aktiv. De Moment spillt hie fir d'Uni-Ekipp. Lafen a Vëlo sinn zwou weider Sportaarten, déi hie gär mécht. "Et si meng éischt Spiller. Ech hunn déi vu London, Rio an Tokyo op der Tëlee gekuckt."
Seng Missioun zu Paräis wier et, d’Spectateuren an de beschte Konditiounen am sougenannte "Parc des Champions" am Trocadéro ze begréissen. Et ass déi Plaz, wou d’Medaile-Gewënner sech all Dag tëscht 17.30 an 19 Auer op der grousser Bün weise kommen. No dësen Zeremonië ginn op groussen Ecranen d’Finalle vum Owend gewisen. De Lëtzebuerger beschreift d'Ambiance als eemoleg. D'Entrée ass iwwregens gratis.
"Als aktive Sportler weess ech, dat et ouni Benevolle keng Competitioune géif ginn. Dofir wollt ech zu Paräis dobäi sinn, fir eng Hand unzepaken. Sport ass meng Passioun, déi ech gäre mat villen Leit deelen."
No den Olympesche Spiller fänkt hien en duebele Master un an der "International Governance and Diplomacy" a "Political Economy" zu Paräis (Sciences Po) an an der London School of Economics.
Sidd och Dir aktiv als Benevole bei den Olympesche Spiller, da mellt iech gären op red@rtl.lu.