E Sonndeg gëtt de kompletten 2. Spilldag an der héchster Divisioun am nationale Futtball gespillt.

An der BGL Ligue sinn um 2. Spilldag an den aacht Matcher net manner wéi 33 Goler gefall.

De Champion Déifferdeng huet auswäerts d'Fola mat 5:0 iwwerrannt. An der éischter Hallschent hunn déi Escher duerch eege Feeler matgehollef, datt ee mat 0:3 am Réckstand louch. De Mendes hat kuerz virun der Paus de Ball an den eegene Gol gesat an de Pauly hat schonn no 15. Minutten duerch e Foul fir en Eelefmeter op Déifferdenger Säit gesuergt. No der Paus hunn d'Gäscht nach méi Drock op déi Escher Defense gemaach an hunn d'Lokalekipp ni an de Match komme gelooss. Zwee weider Goler hunn esou zu engem däitleche Resultat gefouert. Mat enger besserer Chancëverwäertung hätt d'Resultat och nach méi héich kënnen ausfalen.

Tëscht Munneref a Beetebuerg ass d'Decisioun dogéint eréischt ganz zum Schluss gefall. D'Lokalekipp huet sech duerch e Gol vum Tinelli an der Nospillzäit nach mat 2:1 géint den Opsteiger behaapt.

D’Futtballmatcher an der BGL Ligue ginn dës Saison net méi am Livestream op RTL.lu an der Live Arena iwwerdroen.

2. Spilldag an der BGL Ligue / Reportage Serge Olmo

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hueschtert - Hesper 1:5

1:0 Avdusinovic (26'), 1:1 Stolz (38'), 1:2 Ekofo (43'), 1:3 Gboho (64'), 1:4 Bouhmidi (87'), 1:5 Bouhmidi (89')

Péiteng - Monnerech 6:0

1:0 Shala (17'), 2:0 Steinmetz (45+3'), 3:0 Merk (68'), 4:0 Fuss (70'), 5:0 Fuss (76'), 6:0 Elshan (89')

Munneref - Beetebuerg 2:1

0:1 Kehli (7'), 1:1 Lopes (63'), 2:1 Tinelli (90+4')

Diddeleng - Rouspert 3:0

1:0 Hadji (3'), 2:0 Benkhedim (73'), 3:0 Mendes (88')

Fola - Déifferdeng 0:5

0:1 Jorginho (15', Eelefmeter), 0:2 Trani (21'), 0:3 Mendes (40', Selbstgol), 0:4 Trani (63'), 0:5 Buch (85')

Stroossen - Rodange 4:0

1:0 De Souza (47'), 2:0 De Souza (53'), 3:0 Zenadji (86'), 4:0 Revés (90+1')

Racing - Wolz 3:0

1:0 Dewalque (30'), 2:0 Monge (32'), 3:0 Mabella (40')

Nidderkuer - Jeunesse 3:0

1:0 Burban (6'), 2:0 Schmid (66'), 3:0 Garos (73', Selbstgol)

De Liveticker vun de Matcher fir nozeliesen 

D'Tabell