No Girondins Bordeaux elo och finanziell Problemer bei Boavista Porto

© afp
Et gi weider schlecht Nouvellë fir de Lëtzebuerger Gérard Lopez, mat senge Participatiounen a Futtball-Veräiner.
Nodeems Girondins Bordeaux, wou hie jo President ass, wéinst finanzielle Problemer schonns Enn vum leschte Mount an déi 3. franséisch Liga zwangsrelegéiert gouf, gëtt et och elo Problemer bei Boavista Porto. De Gérard Lopez huet 66% vun de Parte vum Club aus der éischter portugisescher Liga.
Der franséischer Sport-Zeitung "L’équipe" no, déi sech op lokal portugisesch Medie berifft, wier de Veräin héich verschëlt. Et gëtt souguer vu Säite vun der UEFA enquêtéiert, heescht et weider. Et wier een net méi am Stand, enger Bau-Entreprise, déi de Stadion zu Porto ëmbaut, gutt 7 Milliounen Euro ze bezuelen, déi nach ëmmer ausstinn.
E Geriicht zu Porto huet dofir rezent festgehalen, dass de Club keng Recettë vun Transferte méi däerf behalen, mä dass dës direkt un den Entrepreneur musse goen, bis d’Schold ofbezuelt ass. Duerch déi finanziell Nout stéing och déi sportlech Zukunft vum Club um Spill, deen 1903 gegrënnt gouf a bis ewell eemol portugisesche Champion war. Notamment wieren d’lescht Saison schonn eng Partie Salairen net bezuelt ginn.