Treie Begleeder vum Lewis Hamilton verstuerwen

© RASID NECATI ASLIM / ANADOLU / Anadolu via AFP
De 40 Joer ale Ferrari-Pilot huet déi schwieregst Entscheedung vu sengem Liewe missen huelen.
E Méindeg huet de siwefache Formel-1-Weltmeeschter ëffentlech sengem Hond Roscoe Äddi gesot. E Sonnden den Owend huet de Britt missen déi, wéi hie seet, schwéierst Entscheedung vu sengem Liewen treffen a säi Hond aschléiferen.
Jiddereen, dee reegelméisseg d'Formel 1 verfollegt, kennt dem Englänner seng Bulldog. De Roscoe huet souguer een eegenen Instagram-Account mat 1,4 Millioune Follower.
12 Joer laang war den Hond iwwerall dobäi, wou den Hamilton war. Virum Weekend hat de Ferrari-Fuerer schonn ëffentlech dozou opgeruff, fir säin Hond ze bieden, dee wéinst enger Longenentzündung am Spidol louch a souguer huet misse reaniméiert ginn.
Déi nächst Deeg a Woche wäerte sécherlech net einfach fir de Ferrari-Pilot ginn. Laang Zäit fir ze traueren huet den Hamilton allerdéngs net, e Sonnde steet mam Grousse Präis vu Singapur schonn déi nächste Formel 1-Course um Programm.