Internationale Futtball
Harry Kane ass beschte Butteur an Europa

De Stiermer vum FC Bayern München gouf bei enger Gala am Veräinsmuseum zu München fir seng 36 Goler, déi hien an der Bundesliga markéiert huet, geéiert.
A fir seng Leeschtung virum Gol krut de Britt och de gëllene Schong. De Kane ass deen drëtte Profi vun de Bayern, deem dat gelongen ass. Virdrun hat de Gerd Müller an de Joren 1970 an 1972 dës Auszeechnung kritt an 2021 an 2022 war et de Robert Lewandowski.
Zanter 1997 vergëtt d'Federatioun "European Sports Media" dëse Präis. Virdru gouf e vum franséische Sportsmagazin "L'Equipe" verdeelt.
Am meeschte gelies