No der Defaite vun e Mëttwoch den Owend spillt de Racing e Samschdeg um 13 Auer fir déi 3. Plaz géint Sofia.

E Mëttwoch den Owend huet de Lëtzebuerger Futtballchampion bei den Dammen, de Stater Racing, am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun mat 1:4 géint Galatasaray aus der Tierkei verluer.

D'Damme vum Racing sinn domadder aus der Champions League eliminéiert, mee et hat een um Stater Verluerekascht virun allem an der Ufanksphas d'Gefill, wéi wa méi dra gewiescht wier. Et hat nämlech guer net schlecht fir d'Lokalekipp ugefaangen, déi déi eng oder aner Kéier Galatasaray e bëssen erféiert huet. Gespillt gouf viru ronn 750 Spectateuren, wat eng gutt Kuliss ass.

No enger Véierelsstonn an no engem Handspill huet déi tierkesch Formatioun mam Ebru Topçu op 11 Meter den 1:0 markéiert. D'Gäscht hu mat Confiance gespillt an hunn no 32 Minutten den 2:0 geschoss mam Andrea Stašková.

Dat war schonn eng zimmlech däitlech Tendenz. Trotzdeem hätt de Lëtzebuerger Vertrieder nach virun der Paus bal verkierzt, mam Julie Wojdyla no engem Fräistouss widder d'Lat. D'Virentscheedung ass an der Nospillzäit vun der 1. Halbzeit gefall mam 3:0 vum Arzu Karabulut. D'Lokalekipp huet vill ze ze vill Konterattacken zougelooss.

Resumé Champions-League-Quali. mam Racing / Rep. Serge Olmo

Nodeem eng Véierelsstonn bal guer näischt passéiert ass, huet d'Sophie Quatrana no engem flotte Kappball fir de Racing mat 1:3 verkierzt, dat an der 61. Minutt.

No 80 Minutten huet d'Andrea Burtin en 11 Meter gehalen, dee Galatasaray vum Arbittesch-Trio geschenkt krut. An der Nospillzäit konnt d'Golkippesch näischt maache beim 4:1 vum Maria Catalina Usme. Déi besser Ekipp huet gewonnen, mee de Racing brauch sech net ze schummen.

Den 1. Tour vun der Qualifikatioun gouf a Form vun zwou Halleffinalle gespillt. An där anerer Halleffinall, déi och um Verluerekascht gespillt gouf, huet Biik Shymkent aus dem Kasachstan mat 3:0 géint NSA Sofia aus Bulgarien gewonnen.

No der Defaite spillt de Racing e Samschdeg um 13 Auer fir déi 3. Plaz géint Sofia. D'Finall fir en Tour weiderzekommen tëscht Galatasaray a Shymkent ass e Samschdeg um 19 Auer.