Spuenier Carlos Alcaraz fréi bei US-Open eliminéiert

© AFP
Am Tennis gouf et eng grouss Iwwerraschung bei de US-Open. Ee vun de Favoritten ass scho ganz fréi am Tournoi eliminéiert ginn.
De Spuenier Carlos Alcaraz gouf an der Nuecht op e Freideg vum Hollänner Botic van de Zandschulp eliminéiert, dat schonn an der zweeter Ronn vum Tournoi a glat dräi Sätz (1:6, 5:7, 4:6). Virun zwee Joer hat den 21 Joer jonke Spuenier sech nach den Titel zu New York geséchert.
Déi aktuell Nummer 3 op der Welt hat dëst Joer scho Roland Garros a Wimbledon gewonnen. De Van de Zandschulp ass aktuell d’Nummer 74 am ATP-Ranking. Fir den 28 Joer alen Hollänner ass dëst déi bis ewell gréisste Victoire a senger Karriär.
Bei den Damme ware et iwwerdeems an der zweeter Ronn den Out vum Naomi Osaka. Déi véierfach Grand-Slam-Gewënnerin aus Japan huet géint d'Halleffinalistin vun zejoert Karolina Muchova aus Tschechien mat 3:6 a 6:7 (5:7) verluer. D'Japanerin muss domadder no hirem Retour op d'Tour am Ufank vum Joer weider op eng Qualifikatioun fir d'Ronn vun de leschten 32 bei engem Major-Tournoi waarden.