Nodeem schonn e Freideg mam Carlos Alcaraz d'Nummer 3 op der Welt zu New York eliminéiert gouf, ass och elo d'Nummer 2 op der ATP-Lëscht net méi mat dobäi.

Den Alcaraz hat dëst Joer schonn Wimbledon a Roland Garros gewonnen an den Djokovic war den Titelverdeedeger bei den US-Open. Zwee Spiller also, déi een zu den Toppfavoritte konnt zielen.

De 37 Joer ale Serb huet géint den Australier Alexei Popyrin, d'Nummer 28 op der Welt, an der Drëtter Ronn 4:6, 4:6, 6:2, 4:6 verluer. Domat ass hien esou fréi wéi zanter 2006 net méi beim Grand-Slam zu New-York eliminéiert ginn.