De Mats Hummels huet e Mëttwoch den Owend e Kontrakt iwwer ee Joer beim Club aus der italieenescher Haaptstad ënnerschriwwen.

Wéi de "Corriere dello Sport" schreift, soll sech de Kontrakt automatesch ëm eng weider Saison verlängeren, wann dee 35 Joer alen Defenseur op d'mannst d'Hallschent vun de Matcher an dëser Saison spillt. Seng Paie soll iwwerdeems bei 2,5 Milliounen Euro leien.

Et ass den éischten Engagement vum Mats Hummels ausserhalb vun der Bundesliga. Hien huet bis ewell fir Borussia Dortmund a Bayern München gespillt.