D'US-Open-Finall vun den Damme gëtt e Samschdeg den Owend gespillt. D'Aryna Sabalenka an d'Jessica Pegula duelléiere sech ëm den Titel bei den US Open.

D'Sabalenka, d'Nummer 2 op der Welt, huet sech an der Halleffinall vum Grand Slam mat 6:3 a 7:6 (7:2) géint d'US-Amerikanerin Emma Navarro duerchgesat.

D'Pegula huet an der Halleffinall mat 1:6, 6:4 a 6:2 géint d'Tschechin Karolina Muchova gewonnen. Fir d'US-Amerikanerin ass et déi éischt Finall bei engem Major.

Fir d'Sabalenka kéint et deen drëtte Majortitel ginn an hiren éischte bei den  US Open zu New York.