Lëtzebuerg klappt den Aserbaidjan
An der EM-Qualifikatioun fir d'U21 Nationalekippen huet Lëtzebuerg um Freideg mat 2:0 géint den Aserbaidjan gewonnen.
Am Stade Emile Mayrisch zu Esch hat ee sech e serréierte Match tëscht zwou Selektiounen erwaart, déi um Pabeier zimmlech gläichwäerteg waren. No der 2:3-Defaite aus dem éischten Duell am Oktober 2023 am Aserbaidjan waren d'Rout Léiwe e Freideg den Owend awer méi effikass.
E richteg flotte Gol kruten déi ronn 250 Spectateuren an der 21. Minutt gebueden. De Leon Elshan, deen och scho vum Luc Holtz nominéiert gouf, hat aus ronn 18 Meter de Ball perfekt geroden. De Schoss an de Wénkel vum Péitenger war absolut onhaltbar. Den Elshan hat och schonn am Allersmatch markéiert.
Bis d'Paus war duerno net méi alt ze vill passéiert bis op déi 45. Minutt, wou den Emil Safarov de Yohann Torres vun de Been geholl huet. De schossséchere Leon Elshan hat vum Punkt op 2:0 erhéicht.
D'Ekipp vum Trainer Dan Huet war déi éischt Ekipp déi nom Säitewiessel geféierlech war mam Massimo Agostinelli, deen no 53 Minutte mam Kapp de géigneresche Golkipp gepréift hat.
No 76 Minutten hat dann den Eldin Latik exzellent missten en Ofschloss vum agewiesselten Aghadadash Salyanskiy halen. Dat hätt de Match kënne relancéieren, et ass awer bei der verdéngter Victoire bliwwen an enger Partie wou keng giel Kaart gewise gouf.
Mat der Victoire ass et zimmlech sécher datt déi lescht Plaz vum Grupp evitéiert ka ginn, wat och e bëssen d'Zil war. D'Lëtzebuerger hunn elo 7 Punkten am Klassement virum leschte Match, wat de Rekord ass fir eng U21-Nationalekipp.
An deem selwechten Grupp F huet England an Nordirland nëmmen 1:1 gedeelt an d'Ukrain huet Serbien mat 2:1 geklappt.
No der Victoire vun e Freideg klammen d'Rout Léiwen am Klassement vun der 5. op déi 4. Plaz.